Iwwer mech  - meng Passioun  fir de Keramik

Ech së gebuer den 23.04.1971 zu Klierf,  wunnen a liewen  zu Stolzebuerg, së bestued an hunn 2 Kanner. 

Als Autodidakt hunn ech 1998 ugefaangen am  Keramik  ze schaffen a meng éischt Erfahrungen mat Leem gemaach. Bis haut sënn ech ëmmer rëm op een Neits begeestert waat een, alles aus deem "Näischt" deem "einfachen Buedem " (Leem) formen an erschaffe kann. Der Kréativitéit sënn einfach keng Grenze gesaat.

KUREN

1999               L. Schmit, Konstum an Kazimierz Kalkowski, Moler- a Keramikkünstler aus Danzig, Polen  

2004-2005      Ministère de l' éducation et de la formation professionelle: céramique

2005-2006      Minist. de l' éduc. et de la form. professionnelle:  céramique intermédiaire

2007-2008      Minist. de l' éduc. et de la form. professionnelle: céramique niveau 3 avancé 3

2009-2010      Minist. de l'éduc. et de la form. professionnelle: céramique niveau 4 avancé 4    

                     Lyane Karier "Robbesscheier", Munzen

2012               Rakuvaria, Ed Knops, Sevenum, NL 

2013               Nicole Huberty, Konschthaus a Frantzen, Heiderscheid

2013               Andreas Hinder vun Höhr-Grenzhausen "Robbesscheier", Munzen

2015               Françoise Gascoin, Le Tholy , FR -  22.-25.05.2015 Stage op der Dréihscheif

                     Andreas Naethe, Europäische Kunstakademie Trier (D)  3.08.-7.08.2015   

                     Stage op der Dréihscheif

 

VERSCHIDDE PRÄISSER

2011 duerft ech déi éischte Kéier ee Präis entgéint huelen, an zwar den 2te Präis an der Kategorie "moderne" bei Kolping Feelen. Dat wor ee groussen Usporn fir mech an et koumen nach 3 Präisser an de nächste Joren dobäi.  2012, 2013 an 2014 krutt ech jeweils den 1te Präis an der Kategorie "moderne" bei Kolping Feelen. 

 

TEAM 

Ech schaffen virun allem mat der Rakutechnik. D' Struktur vum Rakubrand kombinéiert sech gudd mat der Optik vum  Eisen, dofir  kreéieren ech oft Wierker aus Keramik mat Metall, wou ech a  mäi Mann e gudd Team sënn. 


Mäin neien Atelier säit  September 2014