Techniken / Techniques

(L)

Ech schaffe mat 2 Brenntechniken. Emol ass dat de Brand am elektrischen Uewen, an dann de Rakubrand am Gasuewen. 

Rakutechnik hunn ech besonnech gär, well all Konstwierk dat am Raku gebrannt gëtt , ass definitiv ëmmer een Eenzelstéck.  

(D)

Ich arbeite mit 2 Brenntechniken. Einmal ist das der Brand im elektrischen Ofen sowie der Rakubrand im Gasofen.   

Die Rakutechnik mag ich besonders, da jedes Kunstwerk, welches in der Rakutechnik gebrand wird, definitiv immer ein Einzelstück ist

(F)

Je travaille avec 2 techniques.  L'une est la cuisson dans le four électrique et la cuisson raku dans le four à gaz

J'aime particulièrement la technique du raku, parce que chaque œuvre d'art qui est tirée selon cette technique est définitivement toujours unique. 

(E)

I work with 2 firing techniques. One is the firing in the electric kiln and the other is the raku firing in the gas kiln.  

I especially like the raku firing technique, because every work of art that is fired in the raku technique is definitely always a unique piece.

Elektresche Brand  / Elektsicher Brand / Cuisson au four electrique / firing in the electric kiln 

 (L) 

Héi gëtt zweemol gebrannt. Den éischte Brand  ass de Schrühbrand, an den zweeten Brand de Glasurbrand.  Bei dëse Bränn gëtt Temperatur jeweils ganz lues erop a ganz lues erof gefuer. No ungeféier 24 Stonnen, je nodeems bei waat fir enger Temperatur gebrannt gouf,  sënn d' Wierker genuch ofgekillt fir erausgehollt ze ginn.  

(D)

Hier wird zweimal gebrannt. Einmal vorab der   Schrühbrand, gefolgt vom Glasurbrand. 

Bei diesen Bränden wird die Temperatur jeweils sehr langsam hochgefahren. Nach ungefähr 24 Stunden, je nach Temperatureinstellung, gebrannt. Nun können die fertigen Kunstwerke den Ofen verlassen. 

 

 

(F)

Ici, les cuissons ont lieu deux fois. Une fois à l'avance, la cuisson du biscuit, suivie de la cuisson de l'émail. Lors de ces cuissons, la température est augmentée très lentement dans chaque cas. Après environ 24 heures, selon le réglage de la température, cuite. Les œuvres d'art terminées peuvent maintenant quitter le four. 

(E)

Here, firing takes place twice. First the bisque firing, followed by the glaze firing. 

During each of these firings, the temperature is raised very slowly. After about 24 hours, depending on the temperature setting, the glaze is fired. Now the finished works of art can leave the kiln. 

 

 

Rakubrand am Gasuewen /  la cuisson dans le four à gaz  /  firing in the gaz kiln 

Rakubrand ass een alen Japanesche-Rauchbrand. Beim Rakubrand ginn d' Wierker beim 2te Brand, net wéi uewen beschriwwen, am elektreschen Uewen gebrannt,  ma am Gasuewen.  Den Ënnerscheed zum Elektresche Brand ass deen, dat hei Temperatur mam Gasreegeler ganz schnell erop gefuer gëtt. Bei der erreechter Temperatur vun 1000 bis 1020 Grad gëtt den Uewen op gemaach an dat gliddegt Konstwierk gëtt mat Zaangen aus dem Uewen geholl.  Bleift e bëssen an der Loft.  Et héiert een et kraachen a knacken. D`Krakeluren entstinn, do wou Glasur um Stéck drop war. Uschléissend  leeën ech d' Wierk direkt an d' Seemiel an engem  Zénkendëppen. Duerch d' Hëtzt vum Konstwierk fänkt de Seemiel Feier an et brennt.  Lo den Deckel drop an d' Konstwierk gëtt regelrecht geräichert duerch den Damp do wou keng Glasur um Wierk wor gëtt et schwaarz. Erstécken ech d`Feier, dann  entstinn Oxidatiounen.  Ech schaffen virun allem mat der Rakutechnik, well  déi mech absolut faszinéiert. Obschonn, des Technik vill méi aarbechts-opwenneg ass, an de Risk och vill méi grouss  ass, dat  déi fäerdeg Konstwierker gäre räissen, well se eng  sëllegen Temperaturschocken erdroe mussen, wärend dem ganzen Brennprozess,  ass de Rakubrand absolut meng léifsten Brenntechnik.

D'Experimentéieren mat verschiddenen Materialien ass einfach fantastesch an duerch déi verschidden Reaktiounen am Brennprozess, ass all Wierk eent absolut Eenzelstéck. An dat ass allkéiers de Loun,  fir den Opwand.